
Dësen ass no 4 Auer nuets mat 141 km/h duerch de Gousseler Tunnel gefuer. Op där Streck sinn awer just 90 Stonnekilometer erlaabt. Hie gouf protokolléiert.
E Weidere Virfall gouf et an der Stad an der Rue du Laboratoire. Géint 3.30 Auer ass en alkoholiséierte Chauffer duerch Rout gefuer. De Mann war säi Permis nach op der Plaz lass.