
Virun engem Café sinn do eng 10 Männer uneneegeroden. E puer vun hinne goufe duerch Messeren oder gebrache Fläsche blesséiert.
Et leeft elo eng Enquête, fir genee erauszefannen, wat den Ausléiser vum Sträit war.
Zu Miedernach, Ettelbréck an Dikrech war e Freideg den Owend eng gréisser Alkoholkontroll.
505 Automobiliste hate misse blosen.
12 vun hinnen haten ze vill gedronk an 3 kruten hire Führerschäin ewechgeholl.