Caritas-SpezialkommissiounMarie-Josée Jacobs gesteet eege Feeler an a kritiséiert d'Banken

Marc Hoscheid
E Méindeg am Nomëtteg war op en Neits d'Caritas-Spezialkommissioun vun der Chamber beieneen.
© https://www.flickr.com/photos/chambrelux/54407915725/ by Chambre des Députés via Flickr

Invitéiert war déi fréier Presidentin vum Verwaltungsrot, Marie-Josée Jacobs. Si wollt no der Sëtzung zwar näischt an ee Mikro soen, dofir hunn awer d’Deputéiert hier Aschätzung ginn. Et war ee sech iwwert d’Parteigrenzen ewech eens, datt een et der Marie-Josée Jacobs héich urechne misst, datt si der Kommissioun Ried an Äntwert stoung. Dat Ganzt géing hier nämlech zimmlech no goen.

Wierklech Neies wier een awer net gewuer ginn. Déi fréier Presidentin géing sech selwer vill Froe stellen. Dem President vun der Spezialkommissioun Charel Weiler no, wier d’Marie-Josée Jacobs bis zu engem gewësse Grad awer duerchaus och selbstkritesch gewiescht.

Caritas-Spezialkommissioun - Charel Weiler

“Bon d’Madamm Jacobs seet schonn, datt et, wéi an all ASBL oder an all Fondatioun, vläicht déi eng oder aner Problemer ginn, mee vun deem heiten Ausmooss, dat gëtt et jo an der Geschicht eemoleg, och hei zu Lëtzebuerg, datt et zu esou engem Skandal kënnt. An eben och déi kriminell Energie, fir déi hei am Virfeld ze evitéieren, ech mengen, datt dat schwiereg - voir onméiglech - war.”

D’Marie-Josée Jacobs hätt och nach eng Kéier d’Roll vun de Banken a vum Bistum beliicht an do virun allem net mat Kritik un de Banke gespuert. Et géing een elo gespaant dorobber waarden, ob d’Banken d’Invitatioun, fir an d’Spezialkommissioun ze kommen, och unhuele wäerten. E Mëttwoch ass et awer mol fir d’éischt um fréiere Caritas-Generaldirekter Marc Crochet, fir an der Kommissioun auszesoen.

Back to Top
CIM LOGO