
Obschonn dat gutt 7 Prozent manner sinn wéi déi selwecht Period zejoert, weise sech déi Responsabel vun SES zefridde mat deem Resultat. Ënnert dem Stréch hätt een nämlech méi Profit gemaach wéi dat Joer virdrun ëm déi selwecht Zäit, ënnert anerem, well een d'Käschte reduzéiert hätt. Och d'Previsioune fir dat ganzt Joer goufen no uewe revidéiert. Zefridden dierften dann och d'Aktionäre sinn. Am Abrëll goufen 181 Milliounen Euro un Dividende fir 2020 ausbezuelt.