
De Mann krut d'Oplo seng pedophil Tendenze behandelen ze loossen. Donieft goufen eng Geldstrof vun 1.000 Euro an d'Confiscatioun vun ënner anerem engem Computer gesprach. donieft däerf de Mann däerf 5 Joer kee Kontakt zu Mannerjäregen hunn.
Op am Ganzen zwee Computeren an engem Hard disk waren op d'mannst 135.000 kannerpornografesch Fotoen a ronn 875 sou Filmer fonnt ginn. D'Affär war am Februar 2017 opgeflunn, woubäi d'Faite bis op Februar 2012 zréckgoungen.