Garer QuartierMann wéinst Gewalt am Stot an Doudesmenace géint Poliziste festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg de Moie gouf d'Police an de Garer Quartier geruff, well e Mann seng Fra a seng Kanner net méi aus der Wunneng wollt loossen.

Weider hat d'Persoun senger Fra och mat Gewalt gedréit. Wéi d'Police op d'Plaz koum, huet de Mann géint d'Beamte rebelléiert an ee vun de Poliziste mam Fouss an de Broschtberäich gerannt. De Beamte gouf dobäi awer net méi schwéier blesséiert. Weider huet hien de Poliziste annoncéiert, datt hie si ëmbrénge wéilt.

De Mann gouf doropshin op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO