
Wéinst Opruff zum Haass stoung en Donneschdeg de Mëtten en 32 Joer ale Mann an der Stad virun de Riichter. Et gouf him virgehäit, am Februar zejoert op Facebook en ëffentleche Commentaire zum Konflikt am Noen Oste geschriwwen a sech dobäi ënnert anerem géintiwwer de Judden an Israel ausgelooss ze hunn.
De Commentaire, d'Reaktioun op eng Ausso vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser zur Situatioun am Noen Osten, war iwwert déi anonym Meldestell BEE SECURE Stopline gemellt ginn.
Hien hätt dat an enger Roserei geschriwwen, et wär net sou gemengt an eng Dommheet gewiescht, huet de Beschëllegten op d'Fro vun der Presidentin vum Geriicht geäntwert, wat dat sollt. "Déi meescht Leit, déi dowéinst heihikommen, soen, et war aus Dommheet! Et hëlleft heiansdo, de Kapp anzeschalten! Dat hei ass och nach méi e speziellt Thema!“, huet d'Riichterin doropshi gemengt. Hie wär sech senger Schold bewosst an hätt dat geschriwwen, sot de Mann, deen op d'Fro hi vun der Presidentin vum Geriicht, wat dat da mat him maache sollt, fonnt huet, hie wéisst et net, ma „am beschte keng Prisongsstrof!"
De Vertrieder vum Parquet huet betount, dass d'Meenunge bei Debatten iwwert d'Situatioun am Noen Osten ausenee ginn; et kéint een awer och mat Fakten un enger Diskussioun dozou deelhuelen. „Wann ee vun Dreck schwätzt, an et kennt een d'Geschicht vun deem Vollek... Saachen, déi Dir onbeduecht geschriwwen hutt, sinn tëscht 1933 an 1945 an Europa duerch exerzéiert ginn. Dat geet net!“, huet de Parquetier erkläert. Den Ugekloten hätt warscheinlech ze vill Zäit gehat a wär ze vill um Internet gewiescht; heifir sollt eng Geldstrof gesprach ginn, wann och, opgrond vun der Situatioun vum Mann, keng ze vill héich. „Wann et pickt, fir ze schreiwen, dann iwwerleet Dir dowéinst vläicht! An Dir hutt u sech aner Suerge wéi de palestinensesch-israelesche Konflikt, mengt der net?“, huet de Vertrieder vum Parquet dem Beschëllegten an d'Gewësse geriet. „Jo!“ war déi kuerz Äntwert heirop. Déi op d'Fro vun der Riichterin, ob de Mann eventuell d'Accord wär mat Aarbechten am Déngscht vun der Allgemengheet, ass genee sou kuerz a knapp ausgefall: „Kloer!“
D'Urteel gëtt den 29. Oktober gesprach.