
Géint 18.30 Auer huet den onbekannte Mann mat enger Kagull um Kapp d'Personal am Buttek opgefuerdert d'Keess erauszeginn. An der Hand hat hien deen Ament eng Waff aus Plastik. Wéi d'Leit ugefaangen hunn ze jäizen, ass en Täter geflücht. Et ware keng Clienten am Buttek an et ass och kengem eppes geschitt.
Eng Sich direkt no der Dot hat kee Succès.