
E Mann war e Freideg géint 16.20 Auer mat sengem Trakter op engem Feldwee ënnerwee, wéi hien aus bis ewell ongekläerte Grënn d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer huet. De Mann ass mam Trakter ëmgekippt. Fir déi 61 Joer al Persoun hannert dem Steierrad koum all Hëllef ze spéit, si ass nach op der Plaz gestuerwen.
