Dowéinst bleiwe souguer Schwämmen am Summer zou, sou wei beispillsweis zu Veianen. Ouni qualifizéiert Leit, déi de Basseng am A hunn, ass et ganz einfach ze geféierlech.
Fir dass dëse Summer de Spaass an der Piscine op d'mannst just nach ofhängeg vum Wieder ass, bitt den ORT aus dem Mëllerdall Coursen un, fir de Rettungsschwëmmer-Brevet ze maachen.
Eng vun de wichtegste Lektiounen: Hëllef deenen aneren, ma vergiess dech selwer net. Eng Persoun, déi erdrénkt, hält sech nämlech un alles un an huet eng immens Kraaft. Am Cours kann een de Brevet 1 an 2 vum Rettungsschwëmmer maachen. D’Participante mussen u 6 Coursen à 2 Stonnen deelhuelen.
All Participant muss och en éischt-Hëllef Cours ofgeschloss hunn. D’Leit, déi hei deelhuelen, maachen dat gréisstendeels aus private Beweeggrënn, just 2 ënnert hinnen, bedreiwen eng ëffentlech Schwämm op engem Camping a mussen de Brevet dowéinst maachen.
D’Formatioun gëtt vum ORT Mëllerdall an Zesummenaarbecht mat der FLNS ugebueden. A wéi eng Schwämm an ob se dann herno aushëllefe ginn, ass all Participant um Enn awer fräi iwwerlooss.