Politmonitor (Deel 3)Majoritéit vu Leit fir eng Autossteier gebonnen un d’PS-Stäerkt

RTL Lëtzebuerg
D’Majoritéit vun de Leit wier fir méi radikal Mesuren an der Mobilitéit. Vun 2025 u just nach Elektroautoen z’erlaben, dat geet awer ze wäit.
Politmonitor 3
Majoritéit vu Leit fir eng Autossteier gebonnen un d’PS-Stäerkt.

Méi wéi 3 Véierel vun de Leit sinn dogéint, datt vun 2025 un, just nach Elektroautoen als nei Immatrikulatiounen erlaabt ginn, esou ee vun de Resultater am drëtten Deel vum TNS Ilres Politmonitor fir RTL an d’Wort.

Gëtt déi méi radikal Mesure radikal verworf, sou sinn déi meescht vun de befrote Leit net géint e Mentalitéitswiessel an der Mobilitéit. Dat gesäit ee beispillsweis un der grousser Ënnerstëtzung fir de gratis ëffentlechen Transport: 64 Prozent dofir, 31 Prozent dogéint. Oder nach déi 49 Prozent, déi fir eng „permanent Vitesslimitatioun vu 90 km/h op den Autobunnen“ wieren.

Zwar wiere 66 Prozent vun de Leit géint eng "substantiell Erhéijung vun der Autossteier", sou wieren awer 62 Prozent fir eng „progressiv Autossteier, gebonnen un d’PS-Stäerkt vum Auto“. Just 32 Prozent wieren dogéint.

Interessant ass hei ze gesinn, datt, wat ee méi al ass, méi en héije Studium huet a méi verdéngt, wat ee méi favorabel ass. Dogéint wieren awer dann erëm 57 Prozent vun de Leit, wat eng „Steiererhéijung fir jiddweree fir d’Lutte géint de Klimawandel“ ugeet.

Wat d’Subventioune fir d’Elektromobilitéit ugeet, déi deelen d’Bevëlkerung: 44 Prozent soen, si wieren fir eng Erhéijung vun de Subventiounen.

Dem Tommy Klein vun TNS Ilres no géing et schonn eng „allgemeng Bereetschaft“ ginn, fir eppes am Kampf géint de Klimawandel bäizedroen. „Et ass awer vläicht net ëmmer fir d’Saach u sech virunzebréngen, mee et ass awer (…) dacks gebonnen, fir dat z’erhalen, wat een aktuell huet“, sou den Tommy Klein.

Verfassung, Haff, Cannabis, Expropriatioun

Bei diversen aneren Themen, déi TNS Ilres d’Leit gefrot huet, ginn et folgend Resultater: E „Referendum, fir iwwert déi nei Verfassung ofzestëmmen“, wënsche sech 59 Prozent vun de Leit. Just 22 Prozent sinn dogéint.

Favorabel ass och eng grouss Majoritéit géintiwwer engem “eenzege Wahlbezierk fir ganz Lëtzebuerg”, iwwerdeems 64 Prozent vun de Leit géint de “Kumul vun de Mandater” ass.

D’“Finanzéierung vum Budget vum groussherzoglechen Haff iwwert ëffentlech Gelder“ huet och kee grousse Support: 51 Prozent vun de Befrote sinn dogéint a just 29 Prozent dofir.

D’Legaliséierung vum Cannabis fir rekreative Konsum – Mesure, déi d’Regierung wëlles huet – gëtt vu 50 Prozent vun de Leit ënnerstëtzt, iwwerdeems 39 Prozent dogéint sinn.

Bëssen iwwerraschend ass d’Resultat vun der Fro, ob ee fir oder géint „Expropriatioun am Sënn vum ëffentlechen Interessi” ass. Ouni, datt Detailer vun der Mesure präziséiert sinn, soe sech 42 Prozent dofir a just 36 Prozent dogéint. Och hei erëm sinn eeler Leit méi favorabel.

PDF: Politimonitor - Methodologie

Back to Top
CIM LOGO