Problemer mat 2 MaschinnenLuxair-Vol op Gran Canaria zweemol ofgebrach

RTL Lëtzebuerg
Direkt zwee Mol haten e Mëttwoch eng 120 Clienten vu Luxair Tours keng Chance, déi sollten u sech moies vum Findel op Gran Canaria an d’Vakanz fléien.
© Luxairgroup

RTL-Informatiounen no hat en éischte Fliger mat Depart um 7 Auer de Vol ofgebrach, nodeems et Problemer mat der Klimaanlag vun der Maschinn ginn hat.

D'Leit an d'Crew hunn de Fliger gewiesselt, mä och hei goufen et dunn awer technesch Schwieregkeeten. Well et am Cockpit eng Warnung wéinst engem hydraulesche Problem gouf, hunn d‘Piloten, déi entretemps iwwert dem Elsass waren, decidéiert Demi-tour ze maachen.

Wéi et op eis Nofro vun der Luxair heescht, hätt et sech em e "klengen, mineure Problem" gehandelt, mat deem een u sech och hätt kéinte weiderfléien, mä d'Sécherheet hätt Prioritéit, duerfir de Retour op de Findel.

Well d'Boeing 737 awer huet missten Kerosin verbrennen, huet d'Maschinn 1, 2 Stonnen an niddreger Héicht misse ronderëm de Findel dréinen, ier sécher konnt gelant ginn.

An engem drëtten Ulaf sollt et dunn mat enger drëtter Boeing klappen, déi kuerz viru 14 Auer e Mëttwoch de Mëtteg gestart ass. Zu Las Palmas ass d'Arrivée fir 17.30 Auer geplangt.

Déi ronn 130 Leit, déi vu Gran Canaria um Retour zréck Heem kommen, lande géint 23.30 Auer e Mëttwoch den Owend. Alles an allem, e Retard vu gutt 7 Stonnen. Op der Plaz zu Las Palmas goufen d'Passagéier, wéi Luxair präziséiert, de ganzen Dag wärend dem Waarden en Charge geholl.

Back to Top
CIM LOGO