Henri KoxLogementsministère begréisst Hausse vu Grondsteier zu Dikrech

Monica Camposeo
Pierre Weimerskirch
D'Initiativ vun der Gemeng Dikrech, fir d'Grondsteier op onbebauten Terrainen op dat 20-facht ze erhéijen, gëtt och vum Logementsministère begréisst.
Logementsministère begréisst Hausse vu Grondsteier
D'Initiativ vun der Gemeng Dikrech, fir d'Grondsteier op onbebauten Terrainen op dat 20-facht ze erhéijen, gëtt och vum Logementsministère begréisst.

De Logementsministère begréisst d'Decisioun vun der Gemeng Dikrech, fir d'Grondsteier op onbebauten Terrain'en op dat 20-facht ze erhéijen. An Zäite vun akuter Wunnengsnout wier dat eng Initiativ, déi en Zeeche setzt a kloer an déi richteg Richtung géing goen.

Hausse vu Grondsteier - Reportage Monica Camposeo

Baulücken sou wäit et geet vermeiden, fir op dëse Bauterrainen nohaltege Wunnengsbau ze schafen, dat wier och am Pacte Logement esou virgesinn, seet den zoustännege Minister Henri Kox. Ma d'Regierung wier sech awer och bewosst, dass d'Gemenge mat op dëse Wee misste geholl ginn.

D'Grondsteier B6 wier schonn am Pacte Logement 1.0 verankert gewiescht, erënnert de Logementsminister: „Et ass eng Initiativ, déi deemools agefouert gouf, fir ze mobiliséieren. An de Constat ass, dass an deenen 11/12 Joer wou de Pacte Logement 1.0 do ass, dass 80 Gemengen et schonn agefouert hunn mat engem Taux tëschent 200 an 1500 an elo d’Gemeng Dikrech effektiv en Zeeche well setzen.“

D’Besteierung klëmmt zu Dikrech vun nächste Joer un op dat 20-facht. Nieft den onbebauten Terrain'en, misst awer och géint de Wunnraum geschafft ginn, dee bewosst eidel stoe gelooss gëtt.

Do géing sech awer elo eppes doen, fënnt den zoustännege Minister: „Ech mengen et ass en Zeechen, dass mer an dëser Initiativ och aktiv musse ginn. D’Regierung ass sech dat och bewosst. Am Kader vun der Steierreform wäerte mir jo och den Impôt foncier iwwerschaffen. Fir iwwer de nationale Wee méi eng verbindlech Moossnam anzeféieren, fir effektiv déi Mobiliséierung vun deem Bauland ze garantéieren.“

Fir d’Proprietären ze animéieren, op hire Bauterraine Wunnplazen ze schafen, wëll de Ministère nieft deene Mesuren déi et scho gëtt och neier schafen.

„Wann d’Proprietären der ëffentlecher Hand verkafen, da brauche si keng Plus-value ze besteieren. An dat ass mengen ech net genuch bekannt, sou dass mer iwwert dee Wee vläicht och eng Mobiliséierung kréien. Mir hunn jo elo och dat neit Gesetz, de Fond Spécial. Wou mer och e Fong vum Staat hunn, fir d’Finanzéierung vun der Acquisitioun vun Terrain’en. Mir hëllefe jo och de Gemenge mam 79er Gesetz mat 75 Prozent, wann si locative Wunnengsraum do drop bauen.“

D’Instrumenter, déi vum Ministère iwwerschafft ginn, solle méi Dynamik an de Wunnmarché bréngen, esou den Henri Kox weider. De Pacte Logement soll dann eng méi cibléiert Wunnengsbaupolitik ënnerstëtzen.

 

Back to Top
CIM LOGO