
De 26. Dezember sinn déi éischt Impfstoffer vu Biontech/Pfizer op Lëtzebuerg geliwwert ginn. Déi 9.700 Dosisse ginn duer, fir 4.850 Leit ze impfen. Bis ewell goufe knapp 2.000 Persounen am Grand-Duché geimpft. 3 Wochen no der éischter Liwwerung si nach knapp 60 Prozent vun dësen Dosisse net verimpft.
Mëttlerweil si weider Impfstoffer geliwwert ginn, dat vu Biontech/Pfizer an och éischt Dosisse vu Moderna. Zanter dem 11. Januar huet Lëtzebuerg Impfstoffer fir op d'mannst 7.887 Persounen.
En Vue vun enger weiderer Well an Hausse vu Neiinfektioune fuerderen Experten, datt elo esou séier wei méiglech déi Impfdosissen, déi zur Verfügung stinn, genotzt ginn.
Beim Impfstoff vu Biontech/Pfizer kann ee vu leschter Woch un 6 amplaz 5 Impfunge pro Ampull notzen, esou dat een am Prinzip mat de Liwwerunge vu Biontech/Pfizer 20 Prozent méi Persoune kann impfe wei virgesinn.
