StatecLiicht Surmortalitéit am Joer 2020

RTL Lëtzebuerg
Well den Interessi un der Entwécklung vun der Mortalitéit dëst Joer besonnesch héich wier, huet de Statec scho virum Joresenn e Rapport publizéiert.
Liicht Surmortalitéit am Joer 2020
Dëst Joer wier den allgemengen Interessi un der Entwécklung vun der Mortalitéit duerch d’Pandemie grouss gewiescht.

Et wier ongewinnt, dass de Statec scho virum Schluss vum Joer e Rapport géing publizéieren. Dëst Joer wier den allgemengen Interessi un der Entwécklung vun der Mortalitéit duerch d’Pandemie awer grouss gewiescht. Fir kënnen e Verglach ze zéien, ginn all Kéiers just déi éischt 10 Méint vun deene verschiddene Jore gekuckt. Den Taux de Mortalité wier net signifikant méi héich wéi déi Jore virdrun.

Wann ee sech awer méi genee Perioden ukuckt, da géing ee schonn eng Entwécklung mierken, seet de François Peltier, Demograf a Chef vun der Unitéit Populatioun a Logement beim Statec.

"Zum Beispillgéing een eng Hausse Enn Mäerz an Ufank Abrëll mierken. D’Doudesursaache sinn awer bis ewell nach net analyséiert ginn, dofir bréicht een all d’Donnéeë vum Joer 2020."

Extrait François Peltier

D'Altersmoyenne vun all de Stierffäll läit aktuell bei de Frae bei 80 Joer a bei de Männer bei 74. Dat wier änlech wéi déi Jore virdrun.

Well eréischt déi éischt 10 Méint vum Joer ausgewäert sinn, sinn d'Statistike provisoresch. Ma well am November an am Dezember awer d'Hallschent vun alle nationale Covid-Doudesfäll gezielt gi sinn, erwaart sech de Statec, dass den Taux de mortalité op dat ganzt Joer gekuckt dann awer méi héich ass, wéi déi Jore virdrun.

Wat awer och ze bedenken ass, ass dass och wann d'Surmortalitéit wéinst dem Covid-19 bei eis am Land net besonnesch héich ass, muss ee consideréieren, dass Corona-Patienten - anescht wéi aner Doudesursaachen - an de Spideeler vill Betreiung brauchen. Wat och de Grond fir d'Auslaaschtung vum Gesondheetssecteur ass.

Déi integral Zuele fënnt een op Statec.lu.

Tëscht Januar an Oktober: 2020 méi Doudesaffer zu Lëtzebuerg wéi am viregte Joer

Back to Top
CIM LOGO