Pann a KläranlagLëtzebuerger Sportfëscher fuerderen Opklärung

RTL Lëtzebuerg
D'Sportfëscher hunn no der Pann eng ganz Partie Froen opgeworf, virop ob sech sou ee Feeler an dëser an och an anere Kläranlage ka widderhuelen.

"Et ass bedauerlech, dass eng Panne am System vun der Kläranlag vu Beggen, eng katastrophal Verschmotzung vun der Uelzecht provozéiert an d'Waasser-Fauna fir laang Zäit zerstéiert huet". Dat hält de Verband vun de Lëtzebuerger Sportfëscher an engem Communiqué fest. An der Nuecht op e Samschdeg gouf d'Uelzecht duerch Ofwaasser massiv kontaminéiert. D'Suite dovunner war, dass eng Onmass vu Fësch gestuerwe sinn. D'Sportfëscher hunn an dem Kontext eng ganz Partie Froen opgeworf, virop ob sech sou ee Feeler an dëser an och an anere Kläranlage ka widderhuelen. Et wier net ze verstoen, dass beim haitege Stand vun der Technik keen Alarm ausgeléist gouf.

De Verband vun de Sportfëscher fuerdert eng komplett Opklärung vun dësem Incident an dass d'Konsequenzen, déi musse gezu ginn, public gemaach ginn. Et misst och onbedéngt gekläert ginn, wéi eng Repercussiounen dës Katastroph op dee ganze Ënnerlaf vun der Uelzecht respektiv der Sauer huet.

D'Sportfëscher weisen drop hin, dass et néideg ass "doudeg" Flëss ze renaturéieren. Si géife Liewensraum schafen fir eis Fauna a Flora. Dowéinst ass et d'Fuerderung, dass bei der Renaturéierung och neie Liewensraum geschafe gëtt, fir einheimesch Fësch.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO