Bei ReimsLëtzebuerger hat 110 km/h ze vill drop

RTL Lëtzebuerg
240 Kilometer an der Stonn, wou 130 erlaabt ass, hat e Lëtzebuerger op der franséischer Autobunn drop. Den Auto gouf agezunn an e Fuerverbuet ausgeschwat.
© AFP

Mat 240 Kilometer an der Stonn ass leschten Donneschdeg e Lëtzebuerger op der A4 bei Reims a Richtung Paräis geblëtzt ginn. Op der franséischer Autobunn sinn 130 Kilometer an der Stonn erlaabt.

Dem Chauffeur säin Audi A6 gouf op Demande vun der Prefektur Marne un d'Police geliwwert. De Mann krut säin Führerschäin ofgeholl an dierf net méi a Frankräich fueren. Deemnächst wäert de Chauffeur vun der Justiz convoquéiert ginn.

Weider Detailer zum Tëschefall op RTL 5Minutes

Back to Top
CIM LOGO