Klimabilan verbesserenLëtzebuerg wëll an dänesche Wandpark um Mier investéieren

Diana Hoffmann
Bis zu 10 Millioune Menagen an Europa sollen an Zukunft mat Stroum aus engem Wandpark virun der Küst vun Dänemark versuergt kënne ginn.
Klimabilan verbesseren
Lëtzebuerg wëll an dänesche Wandpark um Mier investéieren

Lëtzebuerg ass Kooperatiounspartner bei deem Projet. Den Investment soll Lëtzebuerg hëllefen, seng Klimabilanz ze verbesseren. De gréngen Energieminister Claude Turmes hofft awer och, dass déi eng oder aner Entreprise vun hei eng vun den Ausschreiwungen u Land zéie kann.

Lëtzebuerg soll en Deel vun engem Offshore-Wandenergie-Park kréien, well et hei awer weder eng Küst, nach e Mier gëtt, wäert dëse wéi gesot virun Dänemark léien. Do soll vun 2027 un eng Insel, sou grouss wéi 60 Futtballfelder, mat iwwer 200 Eoliennen entstoen. Lëtzebuerg, Belsch an Holland si bis elo Kooperatiounspartner vun Dänemark bei deem Projet.

De Wandpark soll kënnen 10.000 bis 12.000 Megawatt Stroum produzéieren. "Dat heescht annerhallwe bis 2 Cattenomen", ënnersträicht den Energieminister Claude Turmes. En normalen Offshore-Wandpark géing dogéint am Schnëtt 1.500 Megawatt produzéieren, wat ongeféier esouvill ass, wéi eng Tranche vu Cattenom.

Dass een zu Lëtzebuerg mat erneierbaren Energië wéi zum Beispill Sonnen- a Wandenergie oder och mat Biogas weider kéim, wier wichteg. Dëst well d'Land den Ament nämlech nach ronn 85 Prozent vu sengem Stroum importéiert. Ma et misst een dovunner ausgoen, dass dat och weiderhi wäert de Fall sinn. Mat der Bedeelegung un deem grousse Projet an Dänemark soll d'Stroumversuergung am Land mat gréngem Stroum och an Zukunft garantéiert kënne ginn, sou de Minister.

Beim Projet geet et awer net nëmmen ëm den Ëmweltschutz. Och déi Lëtzebuergesch Ekonomie soll kënne profitéieren. "Mir hu Lëtzebuerger Firmaen, déi si spezialiséiert drop, sou kënstlech Inselen ze bauen. De Jan De Nul zu Mamer oder och zum Beispill eng ArcelorMittal, déi d'Spundwänn, also de Stol fir sou eng Insel kënnen ze bauen, liwweren", betount de Claude Turmes.

Dass de Stroum dann op Lëtzebuerg kënnt, dofir wier och scho sou gutt wéi gesuergt. Den Ament géing un enger Leitung vun Dänemark an Holland an da warscheinlech weider an d'Belsch geschafft, sou wéi och un enger weiderer vun Dänemark an Däitschland. De Minister vergläicht d'Stroumnetz mat engem Séi, wou dat, wat u Stroum produzéiert gëtt, drageschott gëtt a rëm rausgeholl. Lëtzebuerg hätt hei d'Chance, an der Mëtt vun engem vun de gréisste Séien ze leien, dem westeuropäesche Stroummarché. Dëse besteet ënner anerem aus Däitschland, de Benelux-Länner, Dänemark, Éisträich an der Schwäiz. "A wat flott ass, ass, dass de Séi am Gaangen ass, ëmmer méi gréng ze ginn, dat heescht ëmmer méi erneierbar Energië sinn an deem Séi, an ëmmer manner Kuel, an och ëmmer manner Atom", sou de Claude Turmes. Bis 2050 wëll Europa klimaneutral ginn. An dofir huet och Lëtzebuerg ambitiéis Klimaziler, déi et gëllt anzehalen.

Eventuell ëm déi 10 Prozent vum produzéierte Stroum kéinte spéider Lëtzebuerg gehéieren. Sécher ass dëst awer nach net. De Gesamtprojet vun der Energie-Insel wäert 28 Milliarden Euro kaschten. Den Energieminister hofft, datt en nach zum Enn vun dësem Joerzéngt wäert fäerdeggestallt ginn.

Back to Top
CIM LOGO