Astronautefoire zu DubaiLëtzebuerg probéiert nei Firmen unzelackelen

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie goungen d'Paarte vun der Astronautefoire op. Net ze iwwersinn an der Hal 7 ass de Lëtzebuerger Pavillon.

Zu Dubai ass den Ament den 72sten internationalen Astronautekongress, kuerz IAC. Op dëser grousser Foire kommen traditionell d‘Acteuren aus dem Beräich Weltall beieneen. Och Lëtzebuerg ass mat engem Pavillon vertrueden.

Um Lëtzebuerger Stand maachen aacht Firmen op sech opmierksam, derbäi kënnt d‘Präsens vu villen aneren Entreprisen, déi grad am Kader vun der Space-Missioun an den Emirater sinn.

IAC Dubai / Reportage Pit Everling

De Marc Serres, Direkter vun der Lëtzebuerger Space Agence gesäit Lëtzebuerg gutt positionéiert. "Mir hu wierklech ee schéine Mix u Firmen. Mir hunn etabléiert Firme wéi d‘SES. Mir hunn d‘Recherche mam LIST. Mir hunn och eng Rei méi rezent Firmen, déi sech zu Lëtzebuerg etabléiert hunn."

© SIP / Emmanuel Claude

Eng vun de Entreprisen déi um Lëtzebuerger Stand present sinn ass "Ispace". Viru fënnef Joer hätt ee sech no de Space-Mining-Annoncë vum deemolege Wirtschaftsminister Etienne Schneider am Grand-Duché néiergelooss. D‘Ziel ass et, d'Ekonomie ronderëm de Mound ze organiséieren an dofir wëll een en Transportmëttel fir op de Mound proposéieren, sou de Julien-Alexandre Lalmamy vun "Ispace".

"Eist Transportmëttel fir op de Mound gëtt grad zesumme gebaut a getest. Dat an Däitschland. Dëst Gefier gëtt d‘nächst Joer mat enger spezieller Rakéit op de Mound geschéckt. Dat wier den éischte Versuch fir um Mound ze lande vun enger privater kommerzieller Firma. Vläicht si mer déi éischt, vläicht och net, mä mir wäerte bannent den éischte sinn."

Dernieft fënnt een d‘Firma "Maana Electric", déi Solar-Panneauen op Basis vu Wüüstesand baut an sou Energie produzéiert. An enger nächster Etapp wëll een dat um Mound maachen, mat där Matière déi do ze fannen ass. De Fabrice Testa, Matbegrënner vu "Maana Electric", bereit de Choix fir sech zu Lëtzebuerg ze installéiere op alle Fall net.

"Mir si ganz zefridden, mir hunn en Ekosystem fonnt wou sur Mesure méiglech ass, mir hunn alles wat mer brauchen. Lëtzebuerg ass fir eis ideal. Am Grupp si mer zu 40 Leit. Mir hunn och eng Filial an Holland a wäerte lo e Büro zu Dubai opmaachen."

De Lëtzebuerger Pavillon op der Astronautefoire IAC zu Dubai
De Méindeg de Moie goungen d'Paarte vun der Astronautefoire op. Net ze iwwersinn an der Hal 7 ass de Lëtzebuerger Pavillon.

Kontakter, Partenariater a konkret Kontrakter!

Lëtzebuerg positionéiert sech weider als Acteur am Beräich „Espace“. Den Direkter Lëtzebuerger Space Agence, de Marc Serres, ass houfreg op déi verschidden Acteuren, déi um Lëtzebuerger Stand mat dobäi sinn, zum Beispill d‘Firma Redwire Space Europe:

"Redwire ass eng amerikanesch Firma, déi entwéckelt en Aarm fir am Weltall Objeten ze manipuléieren. D'Motivatioun ass, fir am Weltall Saachen ze bauen. D'IAC ass déi gréisste Foire an deem Beräich. Et ass ee Mix vu Politik, Recherche an Entreprisen. Et ass praktesch, et muss een net ronderëm d‘Welt fléien. Hei kann ee jidderee gesinn".

Den Europäesche Space-Zenter ESRIC mat Sëtz zu Lëtzebuerg huet en Dënschdeg de Moien zu Dubai e Programm fir Start-uppe lancéiert. Hei sollen nei Firmen an engem fréie Stadium ënnert d‘Äerm gegraff kréien.

Dat Ganzt geschitt an 3 Etappen.

An enger éischter Phas gi 5 Firme selektionéiert. Déi beschte Projet kënnt an eng Incubatiounsphas, déi 2 Joer dauert. Nieft dem techneschen a geschäftleche Support gëtt et do och eng finanziell Ënnerstëtzung vun 200.000 Euro. Déi drëtt Phas dauert dann 3 Joer an erlaabt et der Firma sech weider ze developpéieren.

Mat Lëtzebuerger Know-How op de Mound

Astronautefoire zu Dubai
E Méindeg goungen d'Paarte vun der Astronautefoire op. Net ze iwwersinn an der Hal 7 ass de Lëtzebuerger Pavillon. Hei probéiert een nei Firmen unzelackelen.

Dat ass de Plang vun der Associatioun "Euro2Moon", déi en Dënschdeg offiziell um International Astronautical Congress zu Dubai gegrënnt gouf. De Luxembourg Institute of Science and technology, kuerz LIST, an den Innovatiounszenter ESRIC sinn nieft ënner anerem AirbusSpace doru bedeelegt. D'Visioun vu "Euro2Moon" ass et eng nei Ekonomie um Mound zu schafen.

Space-Acteuren op der ganzer Welt plangen nees eng bemannte Moundlandung. Dat allerdéngs net just fir e kuerze Pit-Stop. D’Zil ass et eng Moundbasis ze schafen, wou d’Astronauten eng länger Zäit kënne liewen. D’Notze vu Weltraum-Ressource spillt hei eng ganz grouss Roll.  Den Andreas HAMMER, Senior Vizepresident Airbus Space:“Dofir hu mer deen Industrieverband gegrënnt, well dat net vu Space-Firmen eleng ka realiséiert ginn. Dofir hu mer zum Beispill AirLiquide mat u Bord an ESRIC huet haut déi éischt Memberschaft ënnerschriwwen. Mir brauchen e grousse Konsortium un Industriepartner fir dat méiglech ze maachen, dorënner Entreprisen aus dem Beräich vum Gas a Stroum, fir kënnen e Mound-Eco-System opzebauen.” Et géif een hoffen dass d’Associatioun Euro2Moon nach mi grouss gëtt a Partner sech zesummesetzen, fir ze kucken, wie seng Kompetenzen a wéienger Form kann abréngen. Et geet drëms Ressourcen ze fannen, ze traitéieren an dann opzeschaffen fir verschidden Applikatiounen.

PDF: Airbus, Air Liquide and ispace Europe launch EURO2MOON

Back to Top
CIM LOGO