AquasudLeit virum Erdrénke retten: Ee Cours an der Schwämm zu Uewerkuer

Christophe Hochard
Den Aquasud, d'Uewerkuerer Schwämm, proposéiert dofir reegelméisseg Rettungs-Course fir Leit, déi an enger Noutsituatioun hëllefe wëllen.
Sauvetage Aquasud
Den Aquasud, d'Uewerkuerer Schwemm, proposéiert dofir reegelméisseg Rettungs-Course fir Leit, déi an enger Noutsituatioun hëllefe wëllen.

Am Summer schwamme goen - an d'Piscine, am Séi oder am Mier - dat maachen di meescht vun eis gär. E Spaass, deen awer och séier geféierlech ka ginn.

Kanner an Erwuessener wollte gewise kréien, op wat fir eng Gester et ukënnt, fir eng Persoun virum Erdrénken ze retten. Virun allem Kanner bis 12 Joer wiere vun dëser Situatioun betraff.

Iwwer 50 Prozent vun de Leit, déi erdrénken, hätte manner ewéi 5 Joer. De Gros vun dësen Accidenter géifen doheem geschéien, wou d'Kanner ouni Opsicht an de Basenge spille géifen.

Wann een eng Persoun virum Erdrénke rette wëll, ass et wichteg, sech selwer deen Ament net a Gefor ze bréngen. Et muss ee selwer e gudde Schwëmmer sinn, fir Mënscheliewen am Waasser ze retten.

Grad sou wichteg ass et, d'Gester vun der 1. Hëllef ze kennen. Eng Persoun reaniméieren. An esou enger Situatioun kënnt et nämlech op all Minutt un.

1 1/2 Stonn huet de Cours gedauert. An zum Schluss gouf et och nach e klenge Kaddo an en Diplom fir d'Participanten.

Back to Top
CIM LOGO