
De Ministère vun der Fonction publique gräift virun allem bei grousse Projeten an de Beräicher Informatiounstechnologien a Selektiounstester op Sous-traitanten zréck. Dofir sinn eppes méi wéi 2,8 Milliounen € virgesinn, wat 0,37% vum Budget vum Ministère fir d'Joer 2020 entsprécht. Dat äntwert de Minister Marc Hansen dem Mars Di Bartolomeo op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten zum Outsourcing am ëffentlechen Déngscht.
Donieft schreiwen de Minister Hansen an de Sécurité sociale-Minister Romain Schneider dem CSV-Deputéierte Marc Spautz, dass zejoert 912 Leit mat engem Handicap beim Staat geschafft hunn. Iwwer 3/4el vun hinne waren an enger Verwaltung beschäftegt, 12% an der Educatioun, 7,1% an der Force publique an 2,4 % an der Justiz.
Zanter Juli 2018 goufe vun der „Commission de la reconnaissance des diplômes et de la validation des acquis“ vum CGDIS 179 Diplomer vum „Rettungsassistent“ um aktuell héchsten Niveau vu Formatioun am „Secours à personnes“, de sougenannten SAP2, unerkannt: Dat schreift d'Inneministesch Taina Bofferding an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Martine Hansen an Emile Eicher zu enger Spezialformatioun fir Secouristen. De Moment géif de CGDIS am Kader vum Opbau vun de Formatiounen am „Secours à personnes“ zwee Niveauen ubidden, an zwar den SAP1 mat 40 Stonnen an den SAP2 mat 376 Stonnen Theorie a praktesch Stagen.