Parlamentaresch FroLandwirtschaftskummer kënnt net an d'Nordstad

RTL Lëtzebuerg
Et besteet vu Säite vun der Chambre d'Agriculture keen Interessi, an d'Nordstad ze plënneren.

Dat äntwert de Landwirtschaftsminister Romain Schneider op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierten André Bauler. An der Vergaangenheet war vun enger Dezentralisatioun vun den Administratioune rieds gaangen an do koum dunn d'Nordstad an d'Spill.

Ma am Abrëll d'lescht Joer hat d'Landwirtschaftskummer de Ministère doriwwer informéiert, datt een net an ee gemeinsaamt Gebai mat der Administration des services techniques de l'agriculture (ASTA) an der Nordstad wéilt plënneren. De Moment ass d'Chambre d'Agriculture zu Stroossen implantéiert, et géif een do méi no un de strategesche Partner leien, sou heescht et.

PDF: Äntwert vum Romain Schneider op eng parlamentaresch Fro vum André Bauler (6.3.2020)

Back to Top
CIM LOGO