
Wisou ewechgeheien, wann een et kann un déi Äermst am Land verdeelen? An deem Kader huet d'Chantale Geisen hir Asbl "Hëllefen mat Häerz" gegrënnt an ënnerstëtzt mat hirer Kollekte u Miwwelen a Gezei ënner anerem och d'Organisatioun "Stëmm vun der Strooss".
Zanter 9 Joer maachen d'Chantale an d'Erna Geisen elo schonn den Tri vum gespente Gezei an och dëst Joer koum nees eng ganz Camionnette zesummen. Leschte Freideg hu sech d'Ekipp vu Stëmm vun der Strooss mat den 2 Responsabele getraff, wou si déi vill Këschten entgéint konnten huelen.
D'Directrice vun der Organisatioun Alexandra Oxacelay bedauert et awer ëmmer nees, datt vill Donateure si als "Poubelle vum Land" mëssbrauchen. Vill ze dacks wier Gezei an engem schlechten Zoustand dobäi, mat ënner anerem och Saachen, déi no Urin an aneren Exkrementer richen. A deem Sënn mécht d'Directrice vu Stëmm vun der Strooss en Appell, an der Hoffnung vun esou Fäll verschount ze bleiwen. D'Gezei sollt gewäsch an net futti sinn.
Et wier een och weiderhin op Kleederspenden ugewisen. D'Rayone vun der Kleederstuff zu Esch op 32, Grand Rue an zu Hollerech 7, rue de la Fonderie géife besonnesch an de Wanterméint séier eidel ginn.