EnseignantsgewerkschaftenKritik un der Manéier, wéi iwwer eventuell Ännerungen am Oflaf informéiert gouf

Lynn Cruchten
D’Enseignantsgewerkschafte kritiséieren, wéi de Ministère iwwer eventuell Changementer am Schouloflaf no der Chrëschtvakanz informéiert.
Enseignants-Gewerkschaften
D’Enseignantsgewerkschafte kritiséieren, wéi de Ministère iwwer eventuell Changementer am Schouloflaf no der Chrëschtvakanz informéiert.

Et géif ee méi séier duerch d’Medien eppes gewuer ginn, wéi via de Minister Claude Meisch selwer.

D’Enseignantë géife sech midd spieren a wieren onzefridden den Ament, heescht et vu Gewerkschaftssäit. Et wier net gutt, dass d’Verantwortung ëmmer am leschte Moment op d‘Léierpersonal iwwerdroe géif, amplaz dass de Ministère e kloert Konzept géif presentéieren. D’Enseignantë géife sech eleng fillen an hätte Problemer fir Elteren ze informéieren, well si selwer näischt Konkretes wéissten.

Et lafe jo Diskussiounen an der Regierung, dass d’Chrëschtvakanz eventuell soll verlängert ginn oder vum 4. Januar 2021 fir eng Zäit op Homeschooling soll ëmgestallt ginn. Schüler an Enseignante wieren zwar an Tëscht besser virbereet fir op Distanz Schoul ze halen an ze léieren, mee den Homeschooling misst eng zäitlech limitéiert Noutléisung bleiwen.

Um Samschdeg hunn d’Enseignantsgewerkschaften eng Videokonferenz mam Claude Meisch. Et dierf ee gespaant sinn, ob do konkret Pläng fir de Januar presentéiert ginn oder ob bis Mëtt d’nächst Woch ofgewaart gëtt, fir en eventuell méi generelle Lockdown z’annoncéieren.

Back to Top
CIM LOGO