Registre des bénéficiairesKnapp 130.000 Entitéite musse sech bis Enn August aschreiwen

RTL Lëtzebuerg
Nach bis de leschten August ass Zäit fir sech an de Registre des bénéficiares anzeschreiwen.
© Pixabay

Knapp 130.000 Entitéiten, dorënner Societéiten an Associatiounen, si betraff. Ma vun deenen hätten der sech bis ewell just ganz wéineg mam neie Gesetz konforme gesat. Dat war e Mëttwoch de Moien no der parlamentarescher Justizkommissioun gewuer ze ginn.

Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar verweist op déi wéineg Zäit, déi nach géing bleiwen a bedauert, datt de Minister Felix Braz kee Plang op den Dësch geluecht huet, fir d'Problematik ze léisen. Dem Chiffer no, wieren eréischt 5% vun deenen Entitéiten, déi missten eng Deklaratioun maachen. Den Delai leeft den 31. August of. Do bleiwe just nach 6 Wochen,  fir sech an deem Regëster ze mellen an dat wäert net passéieren. Do stellt sech e risege Problem.

De Laurent Mosar

De President vun der Justizkommissioun Charles Margue berouegt, wat eventuell Strofen ugeet. De gréngen Deputéierte schwätzt vun enger gewësser Nervositéit, déi an dëser Saach ze erwaarde gewiescht wär, hie verweist och op eng Ulafplaz, wou d'Leit all déi néideg Informatioune kriten.

Back to Top
CIM LOGO