Manif "Klimaschutz huet keng Vakanz", sou Votum Klima

RTL Lëtzebuerg
Vakanze-Feeling op der Clairefontainesplaz. Mat enger Aktioun wollt Votum-Klima drop opmierksam maachen, datt am Klimaschutz keng Zäit fir Vakanz ass.
"Klimaschutz huet keng Vakanz"
Zu Lëtzebuerg huet d‘Organisatioun Votum Klima de leschte Regierungsrot genotzt, fir de Ministeren nach emol ze soen, datt weider Efforte misste gemaach ginn.

Changementer am Klima gouf et nach ëmmer, dat eent vun den Haaptargumenter vun de Klimagéigner.

Eng Etüd vun der Universitéit vu Bern schwächt dës Argument elo of, dat well d‘Wëssenschaftler beweise konnten, dass an de leschten zwee Joerdausenden d’Temperaturen ni esou séier geklomme sinn an dat an alle Regioune vun der Welt gläichzäiteg.

Zu Lëtzebuerg huet d'Organisatioun Votum Klima virum leschte Regierungsrot virun der Summervakanz d‘Geleeënheet genotzt, fir de Ministeren nach emol mat op de Wee ze ginn, datt weider Efforten am Beräich Klima misste gemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO