Police sicht no ZeienKläppereien zu Housen: 3 Mol hannerteneen an ëmmer méi zerschloen

RTL Lëtzebuerg
Um Open Air zu Housen gouf eng Koppel vum nämmlechten Onbekannte mat ëmmer méi Verstäerkung dräi mol attackéiert.

Géint 1 Auer moies an der Nuecht op e Samschdeg koum et zu enger verbaler Onstëmmegkeet tëscht der Koppel an engem Onbekannten. De Problem hätt gekläert geschéngt, esou d'Police. Du gouf de Mann aus der Koppel um Terrain vum Festival vun dësem  Onbekannte a vun 3 Männer ugegraff. Géint véierel op 2 gouf den nämmlechte Mann nees ugegraff an zerschloen, dës Kéier ausserhalb vum Festival, vum nämmlechten Onbekannten an 10 aner Männer. Bei dëser 2. Kläpperei war nach eng 2. Koppel präsent. D'Kläpperei wier vun de Policebeamten opgeléist ginn, déi mëttlerweil op der Plaz waren. Duerno um Parking vum Futtballterrain koum et nees zu enger Attack vum nämmlechten Onbekannten, ënnerstëtzt vu jonke Männer, op déi zwou Koppelen. Déi véier Affer goufe blesséiert.

D'Police vun Ëlwensicht no Aenzeien, déi solle sech um 244 87 1000 mellen.

Back to Top
CIM LOGO