ZeienopruffKierperlech Ausernanersetzung tëscht Polizisten a Jugendlechen

RTL Lëtzebuerg
Eng Persoun, déi dësen Tëschefall den 22. Dezember am Park Edmond-Klein an der Stad gefilmt huet, soll sech bei der Police mellen.

Enn Dezember ware eng  Kontroll vun der Police ausgeaart. Si wollten e puer Jugendlecher am Park Edmond-Klein, dem südlechen Deel vum Stater Park, dat géint 17.20 Auer den 22. Dezember, kontrolléieren, wéi et tëscht de Jugendlechen an de Beamten zu "kierperlechen Ausernanersetzunge" koum.

An där Zäit si verschidde Leit hei laanscht gaangen, déi d'Situatioun matkritt hunn, eng Fra soll se souguer gefilmt hunn.

Déi Persoune gi gebieden, sech bei der Police vun Esch um 244 50 1000 ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO