
Et gëtt op Silvester dëst Joer also keng national Gedenkminutt fir d'Affer vum Coronavirus. An och e Verbuet vum Freedefeier gouf an der Chamber net zeréckbehalen.
Déi Conclusioun gouf nom ëffentleche Chamber-Debat iwwer d'Petitioun 1698 gezunn, déi sech fir eng Gedenkminutt op Silvester fir all d’Affer a fir e Verbuet vum Freedefeier agesat hat. Bal 5000 Ënnerschrëfte waren zesumme komm.
Doduerch hätt een och d'Urgence an den Interessi fir de Sujet bei de Bierger erkannt. An et hätt een den Debat jo och wéinst dem Sujet, nach viru Silvester a Rekordzäit organiséiert, erkläert d'Presidentin vun der Petitiounskommissioun Nancy Arendt. De Petitionär Daniel Frères konnt säin Uleies direkt am Ufank virun den Deputéierten erklären:
"All Dag kucke mer Zeitungen, all Dag kucke mer d'Reportagen, déi do dra sinn. Ob dat zu Lëtzebuerg ass, ob dat op der ganzer Welt ass. An da gesäit een nëmmen negativ Saachen. An dofir solle mer eis vläicht effektiv eng Minutt huelen an iwwer dat nodenken, wat dëst Joer geschitt ass, un déi Leit, déi gestuerwe sinn, un déi Leit, déi den Ament an de Klinicke leien, déi Leit, déi den Ament an den Altersheemer sëtzen/leien, déi net däerfe virun d'Dier goen, déi d'Famill net däerfe gesinn, wat extrem traureg ass. An dofir hunn ech gefrot, fir dës Gedenkminutt ze kréien. Eng national Gedenkminutt. An dass d'Gemengen hir Responsabilitéiten huelen a soen ok, dëst Joer w.e.g. kee Freedefeier virun der Dier hunn.“
No enger ganzer Rei Froen an Interventioune konnt d'Inneministesch zum Schluss op d'Proposen vum Daniel Frères äntweren. Och d'Regierung wéilt den Affer vun der Pandemie gedenken, ma Silvester wär do keen adequaten Zäitpunkt. Et wéilt een dem Ganzen ee méi würdege Kader ginn, erkläert d'Taina Bofferding.
"Mir wëllen an d'Richtung goen den Ament, dat am Kader vun den Festivitéiten ze maachen, also vum offiziellen Akt vu Nationalfeierdag. Wat e wichtegen Ament ass fir eist Land. An wou mer eis dann och den Ament sollen huelen, fir all de Leit ze gedenken, déi wärend der Kris ganz vill gelidden hunn. Awer och de Leit gedenken, déi vill geschafft hunn, déi sech elo engagéiert hunn fir d'Gesellschaft, fir d'Matbiergerinnen an d'Matbierger. A selbstverständlech och un déi Leit déi d'Infektioun net iwwerlieft hunn.“
Wat de Verbuet vum Freedefeier ugeet, do géing d'Regierung zu dësem Ablack keng Necessitéit gesinn, fir eppes un der aktueller Legislatioun ze änneren. Aktuell läit dës Decisioun jo an der Kompetenz vun de Gemengen a vill Schäfferéit wäre schonn op de Wee vum Verbuet gaangen.
"Grondsätzlech, an dat ass jo elo och e bëssen hei an der Diskussioun erauskomm: Wann ee wëll an d'Richtung goen an d'Freedefeier eben ënner allen Ëmstänn verbidden, denken ech, dass dat nëmme méiglech ass, wann een dann och e Verbuet vum Verkaf ustrieft.“
Et wär net koherent, dass een haut nach kéint Knupperten an den Supermarché akafen goen a se dann net dierf ofschéissen, sou d'Inneministesch. Wann een A seet, da misst een och B soen, mee wei gesot, géing d'Regierung den Ament awer net wëllen op dee Wee goen.