AMMD appelléiert u RegierungKapazitéiten op Intensivstatioune riskéieren net méi duerzegoen

RTL Lëtzebuerg
An enger Motioun fuerdert d'AMMD d'Regierung an d'Chamber op, mat den hallwe Mesuren opzehalen a méi streng Moossnamen duerchzesetzen.
AMMD appelléiert u Regierung
Den Dokter Alain Schmit seet, datt een aktuell riskéiert, datt d'Kapazitéiten op Intensivstatiounen net méi duerginn.

Mat den aktuellen 230 Hospitalisatioune wéinst dem Covid19 riskéiert d'Kapazitéit op den Intensivstatioune geschwënn net méi duergoen. D'Associatioun vun den Dokteren an Zänndoktere war e Samschdeg fir hir Generalversammlung zesummen an huet vun do aus en Appell un déi politesch Responsabel adresséiert. An enger Motioun fuerdert d'AMMD d'Regierung an d'Chamber op, mat den hallwe Mesuren opzehalen a méi streng Moossnamen duerchzesetzen, déi sech imposéieren.

Donieft misst jiddereen am ëffentleche Raum an dobanne chirurgesch Mask undoen, soubal Persounen aus ënnerschiddleche Stéit zesumme kommen. Selwer gemaachte Masken a Buffe sollen net méi als Ersatz gëllen.

Déi méi streng Mesurë sollen dann och effikass kontrolléiert a protokolléiert ginn. Persounen, déi géint d'Reegele verstoussen, géingen nämlech d'Gesondheet vun deenen aneren op d'Spill setzen, esou ass ze liesen.

D'AMMD begrënnt hir Fuerderungen domadder, dass déi systematesch Impfung vun der Populatioun nach Méint dauere wäert. Dat sollt ee consideréieren an dowéinst méi strikt mat de sanitäre Reegelen ëmgoen.

Ausserdeem géingen déi aktuell Zuele keng Evolutioun no ënne weisen, esou dass d'Regierung net op eng Verbesserung vun der Situatioun hoffe kann.

D'Gesondheetspersonal wier mat hirer Kraaft um Enn an d'Direktioune vun de Spideeler gesinn sech dowéinst an der Flicht, den Eescht vun der Situatioun ze confirméieren a nach emol en däitlechen Appell un d'Regierung ze maachen, esou d'Aschätzung vun der AMMD.

Back to Top
CIM LOGO