
Zu engem weidere Verkéiersongléck koum et géint 11 Auer op der Tréierer Autobunn a Richtung Stad, tëscht der Offaart Kierchbierg an dem Tunnel Cents. En Auto an e Moto si beim Tëschefall kollidéiert. De Bilan vun dësem Accident ass 1 Blesséierten. Op der Plaz waren hei d'Ambulanz, d'Pompjeeën an de Samu aus der Stad.
E puer Mol krute sech e Méindeg 2 Gefierer ze paken. Eng éischte Kéier kuerz virun 11.30 Auer zu Hollerech an der Escher Strooss; blesséiert gouf hei 1 Persoun. Sur place waren d'Ambulanz aus der Stad an d'Pompjeeë vun Hesper.
Verwonnt gouf och zu Bartreng an der Rue du Puits Romain 1 Persoun. Ëm 13.30 Auer sinn 2 Autoe kollidéiert. D'Ambulanz an d'Pompjeeën aus der Stad waren hei am Asaz.
Och zu Esch/Uelzecht huet et géint 15.20 Auer geknuppt: 2 Gefierer sinn an der Rue de Luxembourg net laanschtenee komm. 1 Persoun gouf beim Verkéiersongléck verwonnt. D'Escher Ambulanz a Pompjeeë waren op der Plaz.
Mam Motorrad accidentéiert ass e Fuerer um Belair an der Avenue du X Septembre. De Motocyclist huet bei der Chute Blessuren dovugedroen. Ëm hie gekëmmert hu sech d'Ambulanz an d'Pompjeeën aus der Stad.