
An der Rue du Brill zu Féiz hunn 2 onbekannte Fra Sue mat enger geklauter Kaart opgehuewen. Wéini, dat huet d'Police net präziséiert.
Hei si sämtlech Informatiounen fir d'Escher Police um (+352) 244501000 oder per E-Mail opPolice.ESCH@police.etat.lu.

Den 11. Juli dëst Joer koum et an der Stad zu engem änleche Virfall. Géint 11.10 Auer huet eng onbekannte Fra op engem Bancomat an der Avenue de la Gare an der Stad Sue mat enger geklauter Kreditkaart opgehuewen.
Och hei freet d'Police Hëllef aus der Bevëlkerung. All Informatioun ass fir d'Stater Kommissariat (+352)244 40 1400 oder per E-Mail op police.luxembourg@police.etat.lu.