
D'Präisënnerscheeder tëscht deene verschiddene Gas- a Stroumfournisseure sinn immens kleng, Energie-Rechnunge sinn dacks schwéier ze verstoen a souwisou ass net kloer, wat ee misst maachen, fir de Fournisseur ze wiesselen. Esou d'Meenung vun engem groussen Deel vun de Stroum- a Gaskonsumenten zu Lëtzebuerg. Den ILR hat eng entspriechend Enquête bei TNS Ilres an Optrag ginn an huet d'Resultater dovun e Méindeg de Moie presentéiert.
Prinzipiell sinn d'Cliente frou de Choix, tëscht verschiddene Fournisseuren ze hunn, ma wierklech notzen, maachen se deen awer net. Nëmmen ee vu sechs Stéit huet uginn, d'Gas- a Stroumpräisser eng Kéier verglach ze hunn. An och bei hire Rechnunge blécken déi meescht net wierklech duerch, wéi den Direkter vum ILR, Luc Tapella, erkläert.
Luc Tapella: "Mir gesinn och do, dass fir déi meescht Leit d'Rechnung relativ komplex ass, ze verstoen, dass se net richteg gesinn, dass et effektiv e puer Elementer an där Rechnung ginn, déi se bezuelen. Et muss een awer och soen, dass hautdesdaags déi meeschte Leit dat par Ordre permanent bezuelen, dat heescht wou mer du gefrot hunn, ob se hir Rechnung kontrolléieren, déi meescht kontrolléiere se net. Et ass all Mount dee selwechte Montant oder all zwee Méint wann d'Rechnung kënnt an dann ee Mol d'Joer kënnt en Decompte, dofir kucke se wéineg no der Rechnung, déi do ass."
De Sondage huet iwwerdeems och erginn, dass déi grouss Majoritéit vun de Clientë bereet wier, hir Gewunnechten ze änneren, fir engersäits méi nohaltege Stroum ze fërderen an anerersäits Fraisen ze spueren. Ma dofir missten awer och d'Fournisseuren hir Offer upassen.
Luc Tapella: "Mir hoffen an Zukunft, dass mer eng méi dynamesch Tarifikatioun kréien, well och verschidde Clienten oder veschidde Konsumente gesot hunn, si sinn interesséiert drun, fir och dee Moment Stroum ze benotzen, wann en am meeschte produzéiert gëtt, wann am meeschte Wand ass zum Beispill, wann am meeschte Sonn ass, fir dass se deen och kënne benotzen an deen eventuell och méi bëlleg da wier, well e lokal produzéiert gëtt a lokal géif verkaaft ginn. Eng dynamesch Tarifikatioun kéint dobäi mathëllefen."
Ma esouguer, wann d'Fournisseuren decidéieren, dem Appell vum ILR net nozekommen, wäerte si an e puer Joer dozou gezwonge ginn, wann de sougenannte Clean Energy Package, deen dës Mesure obligatoresch mécht an op EU-Niveau schonn decidéiert gouf, och zu Lëtzebuerg ëmgesat gëtt.