
E Jugendleche wier um Trottoire ausgerutscht an dowéinst op d'Strooss geroden, virun de Poubelle-Camion, dee grad ugefuer war. De Chauffer konnt wuel nach bremsen, krut de Jonken awer ze packen. De Jugendleche koum an d'Spidol et besteet awer keng Liewensgefor. Wéi d'Police seet, hat hie vill Chance.
RTL-Informatiounen no hätt de Chauffer e Malaise gemaach. Dëst konnt d'Police awer net confirméieren, dem Mann wier beim Accident näischt geschitt.
Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Walfer an aus der Stad, grad ewéi de Samu an d'Ambulanz aus der Stad.
E gréisseren Accident gouf et um Freideg de Moien um 6.30 Auer op der Autobunn tëscht Helleng a Fréiseng. Do krute sech am ganze 5 Autoen ze paken. Zwou Persoune goufe verwonnt. D'Fuerbunn war zäitweis komplett gespaart. Um 7.15 Auer war nees eng vun de Spuere fir den Trafic op, géint 8 Auer war d'Strooss dunn eidel.

E weidere Blesséierten gouf et dann um 5.50 Auer tëscht dem Sennengerbierg an dem Cargo-Center wou en Auto och op der Autobunn en Accident hat
Zu Uewerkuer gouf eng Persoun kuerz virun 8 Auer verwonnt, wéi an der Rue Woiver zwee Autoen anenee gerannt sinn.