
Dat jugendlecht Affer, dat mat zwee bekannten ënnerwee war, krut vum Täter den Handy aus der Jackettstäsch geklaut.
Den Täter, deen no der Dot direkt fortgelaf ass, konnt vun der Police net méi ermëttelt ginn. D'Dot gouf protokolléiert, de Jugendleche gouf net blesséiert.
E weideren Handy gouf an der Rue Jean Ulveling an der Stad geklaut. E jonke Mann gouf duerch "undanzen" ofgelenkt an dobäi gouf säin Telefon aus der Jackett gezunn. Den Täter huet englesch geschwat an hat wuel e blot Aen. Hien hat eng schwaarz Mutz un, eng blo Jackett an ass a Richtung Kasematten fortgelaf.
Trickdéiwe waren dann e Samschdeg de Moien zu Diddeleng aktiv, wéi de Mann de Parking vu sengem Auto mat der Kaart bezuele wollt. Hie gouf vun enger Fra an engem Mann ugeschwat, déi uginn hunn, selwer Problemer mat hirer Kaart ze hunn. Dëst war awer just eng Oflenkung, fir d'Kaart vum Mann ze klauen, wat hinne gelongen ass. Bei den Täter handelt et sech ëm e korpulente Mann, deen ee schwaarze Gilet an eng Baskemutz unhat, d'Fra hat laang donkel Hoer an hat eng Jeansbox an e wäisse Gilet un. Béid sollen nordafrikaneschem Ursprong sinn, schreift d'Police.
Da mellt d'Police nach um spéide Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg verschidde Abréch an Haiser a Wunnengen. Dat ënner anerem zu Schraasseg, zwee Mol an der Stad an zu Bungeref.