2023 gouf si mat 20 Joer als jéngst Buergermeeschtesch vum Land vereedegt. Dat an der klenger Gemeng Bech, am Oste vum Land. Am Dezember krut d’Jill Goeres awer d’Vertraue vum Gemengerot entzunn. Am RTL-Interview en Dënschdeg de Moien huet si d’Reprochë géint hir Persoun net gëlle gelooss. Si hätt hir Aarbecht net vernoléissegt an hätt sech vill fir d’Gemeng agesat.
Nëmmen zwou, dräi Wochen no der Gebuert vun hirem Kand wier si nees am Gemengerot gewiescht. Och de Virworf, datt si d’Leit net genuch mat agebonnen hätt, wier falsch.
Si hätt zum Beispill an Aarbechtsgruppen an op Gespréicher invitéiert. Mä verschidde Conseillere wären net komm.
D’Oppositioun vu véier Leit an engem Gemengerot vun néng hätt eigentlech vum Walsonndeg un existéiert. Ee Conseiller huet am Endeffekt d’Säit gewiesselt, wat de Schäfferot fale gedoen huet. D’Jill Goeres hat 2023 aus dem Stand eraus déi meeschte Stëmmen zu Bech kritt an huet erfuere Gemengepolitiker hannert sech gelooss. Et wär natierlech schwiereg, wann een am Schäfferot war an all Woch oder bal all Dag am Austausch gewiescht ass, an als Conseiller just eemol am Mount, gëtt d’Jill Goeres ze bedenken.
D’Jill Goeres stéing nach ëmmer hannert hire politeschen Decisiounen an deene vum Schäfferot. Bereien deet si déi politesch Erfarungen net. Et wär eng ganz spannend Zäit gewiescht, wou si immens vill Erfarungen hätt kënne maachen a vill geléiert huet. Natierlech wier een dono ëmmer méi gescheit. Mëttlerweil ass si och Member vun der CSV ginn.
Den neie Buergermeeschter zu Bech, de Max Pesch, ass nach net vereedegt. Sou laang ass si u sech nach Buergermeeschtesch. Si zitt sech allerdéngs aus dem Gemengerot zréck a plënnert an d’Éislek, wou hire Mann politesch aktiv ass. D’Dier vun der Politik wéilt si awer net definitiv ganz zouschloen. Och wa se den Ament aner Prioritéiten huet.
D’Jill Goeres ass eng jonk Fra, déi och rezent Mamm ginn ass. Als Fra misst ee sech dacks méi beweisen, ass hir Erfarung. Congé parental oder maternité ginn et net. Do bräicht een e Partner an eng Famill, déi een ënnerstëtzen. 2023 hätte sech bei de Gemengewalen 39 Prozent Fraen opgestallt. 34 Prozent Fraen hätten et an d’Gemengeréit gepackt. D’Schäfferéit sinn zu 25 Prozent weiblech an aktuell gi just 18 vun 100 Gemenge vun enger Fra gefouert. Do géif ee mierken, datt nach Loft no uewe wär an datt wann de Poste méi héich gëtt, ee manner Fraen erëmfënnt.
En Dënschdeg de Moien war Gemengepolitik Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.