E Freideg den Owend war Jean Asselborn eisen Invité am Owesjournal vum Radio. De Lëtzebuerger Ausseminister betount, et géing ee sech géint d'Reprochë vun deenen anere Länner wieren, well just déi plakeg Zuelen ze kucken, dat wier falsch. "Mir wieren eis dogéint", sot de Jean Asselborn. Et misst een d'Lëtzebuerger Zuelen an e Kontext setzen, well eis Zuelen einfach esou héich sinn, well mir esou vill testen. Dem Lëtzebuerger Ausseminister no wier et falsch, eis fir eppes ze strofen, wat u sech all Land misst maachen an dat wier testen. Mir maachen 9.582 Tester an enger Woch op 100.000 Awunner. Am europäesche Verglach léich do Malta op Plaz 2 mat 1.300 Tester an dann eis Nopeschlänner, déi bei 500 bis 600 Tester op 100.000 Leit an enger Woch hätten. Dat heescht, wann een d'Zuele géing just plakeg kucken, dann hätt een e Problem, mä dofir wier et eben esou wichteg, se an e Kontext ze setzen. Weider misst een och d'Zuele vun de Spideeler kucken. De Jean Asselborn betount, dass d'Regierung awer de richtege Wee geet, andeems si esou vill testen.
Den Ament géingen et och mat kengem Land Unzeeche ginn, dass d'Grenze sollen zougemaach ginn. Et géinge Rumeuren zirkuléiere mat der Belsch, ma aktuell géing et keng Unzeeche ginn. Wann een awer weider op esou wéineg Versteesdemech géing treffen, wat d'Zuelen ugeet, da kéint dat aneschters ausgesinn.
E weidert Argument fir eis 3 Nopeschlänner, wat a Consideratioun misst geholl ginn, wier, dass mir net nëmmen eis Residenten testen, mä och nach Non-Residenten, déi awer an eis Zuele mat afléissen.
De Moment wier keng Gefor, dass d'Lëtzebuerger net op déi Plaz géinge kommen, wou se wéilte goen. Mä do misst jidderee mat upaken, dass dat esou bleift. Bei verschiddene Länner stéing een op enger schwaarzer Lëscht, ma dat wier just fir 14 Deeg an de Jean Asselborn ass iwwerzeegt, dass wa jidderee senger Verantwortung nokënnt, dass et dann och just bei deene 14 Deeg bleift.
Wa Leit elo an anere Länner schonns sinn, do existéiert nach ëmmer eng Cellule, fir d'Leit heemzebréngen, huet den LSAP-Politiker erkläert.
Zum Ofschloss huet hien nach betount, dass d'Lëtzebuerger Regierung um richtege Wee wier an dass ee weider massiv misst testen, fir d'Kris ze bewältegen.
Duerch déi héich Zuel vun Neiinfektioune riskéiert Lëtzebuerg ëmmer méi op schwaarz Lëschten gesat ze ginn vu Länner, déi da keng Leit vun hei méi wëllen eraloossen.
Vun e Samschdeg u gëllt Lëtzebuerg wéinst den Infektiounszuelen als Risikoland an Dänemark a steet dohier op der schwaarze Lëscht vu Länner, aus deene keng Leit an d'Land dierfen. Just Portugal an deelweis Schweden sinn op dëse Lëscht vu "banned countries" ze fannen, all anert Land, och Italien a Groussbritannien, gëllen als sécher, sougenannten "open" Länner.
D'Lëscht gëtt reegelméisseg vum SSI aktualiséiert a baséiert sech op den Zuele vun den Infizéierten. Vun e Samschdeg un gëtt Lëtzebuerg als sougenannte "banned country" an Dänemark ugesinn.Hei ginn et weider Informatiounen!
Zanter e Méindeg dierf een, nieft Schweden a Portugal, net méi aus dem Grand-Duché a Litauen areesen. Donieft musse sech litauesch Bierger isoléieren, wa se aus engem vun deene Länner Heem kommen.
D'Lëscht gëtt ëmmer méi laang. An Estland a Lettland dierf een als Lëtzebuerger zwar areesen, muss awer 14 Deeg a Quarantän. Béid Länner hunn eng Limitt vu 16 Neiinfektiounen pro 100.000 Awunner bannent 2 Wochen, vun där un ee sech muss isoléieren.
Och d'Slowakei ass matgezunn mat den Aschränkungen. Do muss ee 5 Deeg Quarantän an duerno nach e Covid-Test maachen.
A Slowenien an a Rumänien ginn et dogéint "gréng" Lëschte mat Länner, aus deenen een ouni Isolatiounsphas areesen duerf, hei steet Lëtzebuerg Stand 07.07.2020 net drop. A Slowenien gëlt deemno eng obligatoresch Quarantän fir Lëtzebuerger, a Rumänien eng recommandéiert.
Zypern verlaangt vun Touristen aus Lëtzebuerg an enger Rei anere Länner, dorënner Holland an d'Belsch, en negative Corona-Test aus de 72 Stonne virun der Arees.
Finnland mécht seng Grenzen nees op fir e groussen Deel vun de Schengen-Länner, allerdéngs net fir Lëtzebuerger.
Déi finnesch Autoritéiten hu sech eng Limitte gesat vun 8 Neiinfektiounen pro 100.000 Awunner pro Woch, wou mir hei am Land jo wäit driwwer leien.
An och Norwegen huet um Freide Mëtteg annoncéiert, datt Persounen, déi aus Lëtzebuerg areesen, fir 10 Deeg a Quarantän mussen. Op hirer schwaarzer Lëscht steet och nach Schweden, Portugal, Ungarn, Kroatien, Bosnien an Herzegowina, Rumänien a Bulgarien.
D’Zuele wieren nu mol héich, well hei am Land vill getest gëtt, dat wier keng gerecht Duerstellung par Rapport zu anere Länner, déi net vill testen. D’Regierung misst hei dréngend intervenéieren, seet de Fernand Heinisch vun der Federatioun vun de Reesoperateuren.
Och d'Deputéiert Mars di Bartolomeo an Yves Cruchten hunn eng urgent parlamentaresch Fro un den Ausseminister Jean Asselborn gestallt a froen do ënnert anerem ob d'Lëtzebuerger Regierung seng Partnerlänner iwwert eis spezifesch Situatioun vum Large Scale Testing informéiert huet, wat déi aktuell Zuelen erkläre géif.