ZeienopruffIwwerfall zu Ettelbréck en Dënschdeg de Moien

RTL Lëtzebuerg
An enger Niewestrooss, eng Verlängerung vun der „Rue de Bastogne", krut eng Passantin en Dënschdeg hire Rucksak geklaut.
© RTL

En onbekannte Mann huet sech vun hannen erugeschlach an hir de Rucksak vun der Schëller gerappt. Kuerz virdrun ass en anere Mann hir jäizend entgéint komm an huet si ugerempelt.

Déi Onéierlech hu sech a Richtung Haaptstrooss (Rue du Canal) duerch d'Bascht gemaach, wou si op der Héicht vun enger Apdikt an e roude Kombi mat belsche Placken erageklomme sinn.

Back to Top
CIM LOGO