Mat 17 Milliounen Doudesfäll pro Joer zielen den Häerzinfarkt an den Hireschlag zu den heefegsten Doudesuersaache
weltwäit. Virun 19 Joer gouf den Dag ënnert anerem vun der Weltgesondheetsorganisatioun an d’Liewen geruff.
Op der Plëss waren um Samschdeg eng sëlleche Stänn vun Organisatiounen aus dem Gesondheetssekteur, fir d’Leit nach besser z’informéieren an ze sensibiliséieren.
Bei där Aktioun wollt een awer och d’Leit iwwert déi éischt Unzeeche vun engem Häerzinfarkt opmierksam maachen, grad ewéi se bei engem Häerzstëllstand doheem, op der Strooss oder op der Aarbecht hëllefe kënnen.
D’Haaptrisikofakteure fir een Häerzinfarkt si Fëmmen, Diabetis, héije Bluttdrock, Stress, grad ewéi Bewegungsmangel. Och bei gréisseren Quantitéite vun Alkoholkonsum klëmmt de Risk vun engem Häerzinfarkt.
Eng 400 Leit pro Joer maachen hei am Land een Häerzstëllstand.
