StatecInflatiounstaux ass op ee Joer gekuckt an der Baisse vun 1,9 op 1,7%
Elo am Februar louch de Präisindex bei 1,3%. Ouni den Effet vun de Wantersolden ass dat eng Baisse vun 0,2% am Verglach mam Mount virdrun.
De Grond sinn d'Pëtrolspräisser, déi bannent engem Mount gefall sinn, den Diesel ëm 5,6% de Liter. De Bensin ëm 3% an den Heizungsmasutt ëm bal 12%.