En Hond war vun der Corniche an der Stad 8 Meter an d'Déift gefall. D'Chute gouf vu Gestrëpps gebremst, sou dass d'Déier net blesséiert gouf. De Muppes war op enger gréisserer Héicht blockéiert a koum vun eleng net méi aus der mësslecher Situatioun eraus.
Den Noutruff huet de Groupe de reconnaissance et d’intervention en milieu périlleux alertéiert, déi sech op der Plaz bis bei den Hond ofgeseelt hunn. E gouf geséchert a koum duerno nees zeréck bei säi Meeschter.