Allergiker opgepasstHieselnëss am Afennossbotter vun der Mark "Tartichoc"

RTL Lëtzebuerg
Dësen Allergeen ass am Afennossbotter, obwuel en op der Etikett net opgelëscht ass. Dat deelt d'Sécurité Alimentaire e Mëttwoch mat.

Betraffe Leit, déi op Hieselnëss allergesch reagéieren, sollen de Produit net consomméieren. D'Pâte à tartiner "chocolat fondant" oder "chocolat au lait" gëtt ënnert anerem am Aldi verkaf.

Concernéiert si Produiten, déi am August 2021 oflafen.

LINK: Offizielle Schreiwes vun der Sécurité alimentaire

Back to Top
CIM LOGO