
Déi Gréng wollten e Mëttwoch op enger Pressekonferenz nach net devoiléieren, wien an d'Regierung noréckelt. Dat soll eréischt d'nächst Woch de Fall sinn, ier den 3. Oktober een extraordinäre Kongress ass, op deem iwwert déi eenzel Changementer ofgestëmmt gëtt.
Wéi mer scho gemellt haten, kéint den aktuellen Deputéierte vun déi Gréng, President vun der Chamberkommissioun Logement a fréiere Buergermeeschter vu Réimech, Henri Kox, der Sam Tanson hire Ressort iwwerhuelen. Dëst huet de François Bausch e Samschdeg an der Emissioun "Background am Gespréich" confirméiert. Den Henri Kox gëtt deemno als Logementsminister nominéiert.
Den neie Regierungsmember gëtt och delegéierte Minister vun der Arméi an der Police an ënnerstëtzt domat de Minister François Bausch, dee sengersäits jo neie Vizepremier gëtt. Dat haten déi Gréng schonn e Mëttwoch bekannt ginn.