ChamberssëtzungHëllefe fir Betriber, Hochzäiten an der Kris a juristesch Adaptatiounen

RTL Lëtzebuerg
Eng Motioun vum Martine Hansen fir en Alkoholverbuet op ëffentleche Plaze bis de 15. Januar gouf mat 52 Jo-Stëmmen ugeholl.
Chamber: Lescht Sëtzung virun der Chrëschtvakanz
Eng Motioun vum Martine Hansen fir en Alkoholverbuet op ëffentleche Plaze bis de 15. Januar gouf mat 52 Jo-Stëmmen ugeholl.

An der Chamber gëtt den Ament fir déi lescht ëffentlech Sitzung virun der Chrëschtvakanz iwwert weidere Gesetzprojeten diskutéiert, mat deem weider Hëllefe verlängert gi fir Betriber, déi wéinst der Pandemie mat staarke Perten am Ëmsaz konfrontéiert sinn. An dat bis den 30. Juni d'nächst Joer mat.

Lescht Chamber-Sëtzung vum Joer - Rep. Claude Zeimetz

Bis deen Dag bleiwen och d'Loyeren um private Wunnengsmaart agefruer. De Gesetzprojet gouf eestëmmeg ugeholl. D'Proposition de loi vun déi Lénk, déi gefrot haten  d'Loyere souguer bis Enn des Joers carrement anzefréieren, dogéint gouf verworf. De grénge Wunnengsbauminister Henri Kox huet argumentéiert, datt och mat dëser Mesure d'Logementskris net geléist wier.

D'Chamber huet donieft verschidden Adaptatioune fir juristesch Prozedure viru Geriicht bis de 15. September verlängert.
Donieft gouf och d'Derogatioun verlängert, fir kënnen Hochzäite baussent der Gemeng z'organiséieren, wann de Sall do ze kleng ass, fir eng minimal Distanz tëscht der Hochzäitsgesellschaft kënnen anzehalen. Dës Ausnam gëllt bis de 15. Juli mat.

Eng Motioun vum Martine Hansen fir en Alkoholverbuet op ëffentleche Plaze bis de 15. Januar, gouf mat 52 Jo-Stëmmen ugeholl. Déi Lénk, d'ADR an d'Piraten hunn dogéint gestëmmt.

Back to Top
CIM LOGO