Wéi d'Waasserwirtschaftsamt en Donneschdeg den Owend matgedeelt huet, konnt d'Phase de pré-alerte opgehuewe ginn. D'Peegele wäerte weider falen a viraussiichtlech net méi sou däitlech klammen. Och zu Bollenduerf, wou en Donneschdeg de Moien nach eng Alerte gegëllt huet, geet de Waasserniveau zeréck.
Bei den anere Gewässer, wéi zum Beispill der Uelzecht, sinn d'Peegele schonn e Mëttwoch den Owend nees gefall.