Chambre des MétiersHandwierk goes international

RTL Lëtzebuerg
D’Lëtzebuerger Handwierk ass ëmmer méi aktiv am Ausland, mä et gëtt nach Loft no uewen, sou eng Ëmfro vun der Chambre des Métiers.
Handwierk goes international
D’Lëtzebuerger Handwierk ass ëmmer méi aktiv am Ausland, mä et gëtt nach Loft no uewen, sou eng Ëmfro vun der Chambre des Métiers.

Wéi et heescht, hätten 2 vu 5 Handwierksbetriber Aktivitéiten am Ausland, an dat haaptsächlech an der Groussregioun an am Bau. Virun 10 Joer waren et nëmmen ee Betrib op 10. D'Haaptursaach, firwat Handwierksbetriber net am Ausland aktiv sinn, geet op e gutt gefëllte Carnet zeréck. Mä et géing och nach aner Schwieregkeete ginn. Un den Ënnerscheeder tëscht de Länner, wat d'Steieren oder d'Sozialversécherung ugeet, kéint een net vill änneren, sou den Tom Wirion. De Direkter vun de Handwierkerkummer mengt d'Politik kéint awer nach a Punkto "Detachement" d'Formalitéiten tëscht de Länner verbesseren.

De Mëttelstandsminister Lex Delles (DP) sot, d'Ministesch fir d'Groussregioun Corinne Cahen (DP) kéint op de Sommete vun der Groussregioun "agéieren".

Hëllef fir d'Betriber, fir d'PMEen a fir d'Aktivitéiten am Ausland gëtt et schonn. Detailer fënnt een um Internetsite YDE.LU 

Chambre des Màtiers: Journée Export – 17 octobre 2019https://www.cdm.lu/journee-export

PDF: Communiqué vun der Chambre des métiers

Back to Top
CIM LOGO