Unhänger a FlamenGrousse Materialschued no Brand op der Tréierer Autobunn

RTL Lëtzebuerg
Op der A1, Direktioun Tréier, war e Méindeg géint 19 Auer, op der Héicht vun der Sortie Potaaschbierg, den Unhänger vun engem Camion a Brand geroden.
© CGDIS Gréiwemaacher-Mäertert

De Chauffeur war wärend dem Fueren op d'Feier opmierksam ginn an ass op der Pannespur stoe bliwwen. Hie konnt den Unhänger nach vum Camion lass koppelen, éier dësen du komplett a Flamen opgaangen ass. Ënner schwéierem Otemschutz sinn direkt e puer Pompjeescorpsen géint d'Feier virgaangen. Wéi et vun de Pompjeeë Gréiwemaacher-Mäertert heescht, waren d'Läschaarbechten net einfach. Den Unhänger, dee voll geluede mat Kartongskëschte war, huet musse vun Hand ofgeluede ginn. Eréischt dono konnt déi ganz Wuer dunn definitiv geläscht ginn. Et gouf eng spezialiséiert Firma mat Bagger a Camionen op d'Plaz geruff, fir d'Autobunn ze raumen.

Duerch d'Läschaarbechten hat d'Tréierer Autobunn Direktioun Tréier fir ronn annerhallef Stonn musse gespaart ginn. Bis an d'Nuecht eran ass de Verkéier iwwert eng Spuer gaangen.

Wéi et nach heescht, ass kengem eppes geschitt. Am Asaz waren d'Pompjeescorpsen vu Kanech, Fluessweller, Gréiwemaacher-Mäertert, aus der Stad a vu Nidderaanwen-Schëtter.

Back to Top
CIM LOGO