
Bei dëser Kontroll goufe Buslinnen an divers Plazen am Escher Zentrum, déi schonn opgefall sinn, ënner d'Lupp geholl. De Parquet huet veruerdent, datt zwou Persoune solle festgeholl ginn. Et goufen och dräi Plaintë gemaach an et goufen 28 Kugelen Heroin, e Koup Marihuana an divers Drogenutensilie saiséiert.
E Mëttwoch den Owend huet d'Police nees missen Droge saiséieren, dat am Garer Quartier an der Stad. En Grupp Männer ass opgefall, well si ech verdächteg beholl huet. D'Männer si fortgelaf, wéi si d'Police gesinn hunn.
D'Police huet ee vun de Verdächtege verfollegt kritt a konnt hien och kuerz drop agefaangen a konnt hie kontrolléieren. Et goufen 10 Tute Marihuana net wäit ewech vun him entdeckt an um der Policebüro hunn d'Beamte bei der Kontroll 5 Gramm Kokain, zwee Handyen an eng gréisser Zomm boert Geld fonnt. De Parquet huet d'Objete confisquéiere gelooss an d'Persoun gouf protokolléiert.