E Projet, dee viru 4 Joer lancéiert gouf a wou zanter e puer Méint d'Wandrieder a Betrib sinn.
200 Meter héich ass ee Wandrad a säi Rotor huet en Duerchmiesser vun 131 Meter. Iwwer 3.000 Kilowatt Stroum produzéiert ee Piloun. Grénge Stroum.
32,5 Milliounen Euro kascht deen neie Wandpark mat senge 7 Rieder.
Zanter Enn d'lescht Joer dréie se, déi nei Wandrieder an der Gemeng Wëntger. 7 am Ganzen. Vu September u goufe si installéiert. Jee no Wandstäerkt produzéiere si méi oder manner vill Stroum.
Tëscht 600 a 700 Meter stinn d'Wandrieder vun den Haiser ewech. Eemol am Joer gëtt eng grouss Revisioun vum Wandpark virgeholl. D'Liewensdauer läit bei 25 Joer.
D'Gemeng Wëntger dat sinn am Total 27 Dierfer a ronn 5.000 Awunner. Hir Uertschaft spillt eng Virreiderroll a Saache Produktioun vun erneierbarer Energie. Oder wéi de Minister Claude Turmes dat géif formuléieren: "D'Leit zu Wëntger sinn d'Champione vun der grénger Energie"