Aschreiwung vun en Dënschdeg 9 Auer unGrand-Duc invitéiert Public op Nationalfeierdagszeremonie an der Philharmonie

RTL Lëtzebuerg
Wéi all Joers gëtt et och dëst Joer nees op Nationalfeierdag eng Zeremonie an der Philharmonie, un där de Grand-Duc a seng Fra zesummen deelhuelen.
© SIP

Et ass dëst Joer allerdéngs déi éischte Kéier, datt de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie am Zentrum vun de Festivitéite ronderëm Nationalfeierdag stoe wäerten. Nieft der groussherzoglecher Koppel wäerten och Deputéiert, Diplomaten a d'Membere vu Regierung, Staatsrot a Justiz un der Zeremonie deelhuelen, genee wéi Membere vum Gemengerot a vun der Stad Lëtzebuerg. Ma och Memberen aus dem Public kënnen deelhuelen!

Wie keng offiziell Invitatioun krut a sech den Event nawell net wëll entgoe loossen, dee ka sech vun en Dënschdeg 9 Auer un iwwert de Site www.gouvernement.lu umellen. Wéi d'Matdeelung aus dem Staatsministère preziséiert, sollt ee sech awer bäimaachen: "Well d'Plaze limitéiert sinn, ginn d'Invitatiounen der Reiefolleg vun der Aschreiwung no verdeelt."

D'Zeremonie ass den Dënschdeg, den 23. Juni ëm 10 Auer an der Philharmonie.

D'Fotoe vum leschte Joer

Back to Top
CIM LOGO